Sie befinden sich auf der Internetseite des „All In Family Fun Center“ aus Heiderscheid dem Indoor Spielplatz im Norden Luxemburgs mit einem Indoor-Spielplatz, Bowling, Kegelbahn, Billard, Darts, Kicker, Air-Hockey, Restaurant und Bar.
Hors Reguläre Öffnungszeiten:
Montag: Geschlossen
Dienstag: 14:00 – 00:00
Mittwoch: 16:00 – 00:00
Donnerstag: 14:00 – 00:00
Freitag: 16:00 – 01:00
Samstag: 10:00 – 01:00
Sonntag: 10:00 – 00:00
Während den Schulferien:
Montag: Geschlossen
Dienstag: 10:00 – 00:00
Mittwoch: 10:00 – 00:00
Donnerstag: 10:00 – 00:00
Freitag: 10:00 – 01:00
Samstag: 10:00 – 01:00
Sonntag: 10:00 – 00:00
Jahresurlaub vom 25/8/2025 – 7/9/2025 eingeschlossen
Montag: Geschlossen
Dienstag: 10:00 – 00:00
Mittwoch: 10:00 – 00:00
Donnerstag: 10:00 – 00:00
Freitag: 10:00 – 01:00
Samstag: 10:00 – 01:00
Sonntag: 10:00 – 00:00
Ouschteren steet gläich virun der Dier🐰
De ganze Weekend virum Ouschterméinden (18.04-20.04) kënnt der eisen Ouschtermenü genéissen.
W.e.g. reservéiert ären Dësch bis den 13. Abrëll iwwer Tel.: 26 88 93 28 oder iwwer Mail: info@all-in.lu.
Ausserdeem ass och fir d‘Animatioun vun de Kanner um Ouschtersonndeg gesuergt. Dobäi ass vun enger Ouschtereeërsich bis Ouschtereeër bemolen fir jiddereen eppes dobäi.🐣🥚
Är Equipe vum All In Family Fun Center😊
...
Fir eise Restaurant, de Play-In an de Bowling siche mir ee Serveur (m/w) fir eis Equippe vum Service ze verstäerken.😁🥂
Responsabilitéiten:
- Clienten héiflech begréissen a se op hiren Dësch bréngen.
- De Menü presentéieren a Clienten iwwer Platen a Gedrénks beroden.
- Bestellungen ophuelen a se an d`Kiche schécken.
- Iessen a Gedrénks professionell zerwéieren.
- D’Dëscher ofraumen a fir d`Propperheet vum Raum suergen.
- Clienten akasséieren.
- D’Ufroe vum Client berücksichtegen an eventuell Reklamatioune reegelen.
- Clienten um Bowling, Billard an op der Keelebunn androen.
- Gutt Relatioune mat Kanner an Erwuessener.
- All deeglech Aufgab fir zou ze maachen.
- Empfang vu Liwwerungen, Auspaken a Lagerung vu Wueren.
- Léise vu verschiddenen klenge Problemer bei den eenzele Spiller.
D`Aarbecht vum Serveur erfuerdert Dynamik a Villsäitegkeet, mat Stonnen déi dacks flexibel awer heiansdo och restriktiv sinn (Owesaarbecht, Weekender a Feierdeeg).
Néideg Kompetenzen:
- Gudde Verhalt vu Commanden a Geschwindegkeet vun der Ausféierung.
- Fäegkeet ënner Drock an an engem Team ze schaffen.
- Gedold, Frëndlechkeet a Resistenz géint Stress.
- Benotzung vun IT Tools (Keess, Computer)
- Fréier Erfarung am Service ass e Plus, awer net erfuerderlech.
- Teamgeescht a positiv Astellung.
- Fléissend Franséisch a Lëtzebuergesch schwätze kënnen (Englesch an/oder Däitsch ass e Plus).
Mëllt Iech mat ärem CV bei eis am Haus oder schéckt är Demande per Email un jobs@all-in.lu 👋
...
Ab haut kritt ee bei eis all Weekend eng nei Recommandatioun vum Kach ze iessen. Den Haaptplat an den Dessert gëtt dobäi ëmmer frësch vum Kach zoubereet. Et handelt sech ëmmer em ee séiere Plat, wouduerch een och bei vollem Haus net laang op säin Iesse waarde muss.😁
Dësen Weekend vum 14. Februar bis de 16. Februar gett et:
als Haaptplat:
Boeuf Bourgignon mat Grompere mat Paprika a frësche Rommele fir 23,50€
als Dessert:
Eng Zitrounentäertchen oder eng Orangentäertchen fir 6,50€
Bis gläich a loosst Iech et gutt schmaachen.😋
...
Vältesdag steet virun der Dier!🌹
Genéisst ee romanteschen Owend mat ärer besserer Hallschent a genéisst eisen exklusive Vältesdag-Menü. Dier kënnt och gären nom Iessen nach eng Stonn Bowling fir 20€/Stonn amplaz vu 40€/Stonn spillen.💕
Reservéiert elo är Plaze bis den 12. Februar.
...
Genéisst ab lo an eiser neier Lodge och gären eng Pierrade, wou dier op engem waarme Steen äert Fleesch selwer brot.🍷
Dobäi kënnt der tëschent Poulet, engem Rëndsfilet an engem Rëndssteak wielen. Als Bäilag hutt der d`Wiel tëschent Fritten, Räis oder Gromperen aus dem Uewe mat Sauerram. Ausserdeem kritt der nach dräi verschidden Zoosse mat derbäi fir Iech et gutt schmaachen ze loossen.😋🎄
...